LE MONDE N'EST PAS ROND

Artistic webzine on migration, borders, human rights

Ultima Estação: Esperança / Lescht Statioun: Hoffnung

En 2012, l’Institut Camões Luxembourg demande aux trois photographes Jessica Theis, Jérôme Melchior et Paulo Lobo de réaliser une série de portraits d’immigrants portugais arrivés au Luxembourg récemment et ayant quitté leur pays en conséquence de la crise de 2009. Le projet donne lieu à une exposition du 31 janvier au 22 février 2013.

Les nouveaux migrants ont des profils variés, dans bien des cas différents des anciennes vagues d’immigration. Souvent jeunes, citadins, universitaires, empreints d’esprit européen, ils sont partis en croyant à leurs chances de trouver un travail qui correspond à leurs compétences. Ils doivent cependant bien vite déchanter. Le Luxembourg n’est plus que l’ombre de l’Eldorado qu’il a été, et c’est souvent la précarité qui est au bout de ces nouveaux sentiers de l’exil. Mais malgré les déceptions et les difficultés, il demeure la dignité et l’espoir. Et la volonté de s’adapter à tout travail qui puisse surgir.

Photos et texte de Jessica Theis en luxembourgeois.

This slideshow requires JavaScript.

Wat hunn ech u mengem Beruff als Fotograf gär?

Datt ech dank mengem Fotoapparat déi verschiddenst Leit ka kenneléieren. Esou hat ech d’Chance d’Raquel a säi Meedchen Ema kennenzeléiren, genee sou wéi de Filipe, seng Fra Alexandra an hire Bouf Tomás.

Wow, wat fir léif, sympathesch, intelligent, oppen a guttgelaunte Leit.

D’Raquel hat mat sengem Mann a Portugal eng Renovatiouns Firma. Ab 2003 ass et a Portugal méi schwiereg ginn, d’Clienten hunn net méi mat Zäite bezuelt, d’Chargë waren awer d’selwecht, an ech muss lo net méi an Detailer goen, fir datt jidderee sech virstelle kann, datt ab esou engem Moment een Däiwelskrees ufänkt, dee ganz schwéier ze duerchbriechen ass. Een Ausdrock deen se a Portugal dofir benotzen ass “esticar o dinheiro” – gymnastic money, et muss een d’Sue wéi ee Lastik zéie fir dass et duergeet. 
2008 hunn se dunn décidéiert op Lëtzebuerg ze kommen, wou d’Raquel eng Aarbecht bei Eurostat fonnt huet. Säi Mann huet bis Enn 2008 zu Paräis geschafft, sou dass déi kleng Famill réischt duerno konnt hei zesumme liewen a schaffen.

De Filipe hunn ech kuerz Zäit duerno kennegeléiert. Bei eisem 1ten Treffen huet hie mir, nodeems mer eis iwwert Musek a Massive Attack ënnerhalen hunn, eng CD vu Massive Attack an de Grapp gedréckt a gesot ech soll se him bei Geleeënheet erëmginn. Obwuel de Filipe a Portugal beim portugisesche Staat geschafft huet an et him perséinlech deemno gutt gaangen ass, konnt hien sech keng Zukunft a Portugal fir säi klenge Bouf virstellen. Dowéinst huet en sech dunn entscheet, seng Wallissen ze paken an op Lëtzebuerg ze kommen, wou en an engem italienesche Restaurant schafft a Pizzaen ausliwwert. Op meng Fro hin, ob hien d’Stroosse gutt géing fannen oder ee GPS hätt, 
sot e mer just en hätt de GPS am Kapp. Bei eisem leschten Treffen sot e mer, e géif elo och an der Bar am Restaurant schaffen, mat Italiener zesummen. Da géif en eben elo och dat léieren an anengems italienesch.

Als Fazit kann ech soen, datt ech mech gefrot hu wéi ech géif reagéieren, wann hei zu Lëtzebuerg alles ëmmer méi schlëmm géif ginn? Wier ech bereet, zesumme mat mengem Mann, d’Wallissen ze paken, eis Famill a Frënn ze verloossen, fir an e friemt Land ze goen? Éierlech gesot, ech weess et net. Ech weess just, datt ech dëst wahrscheinlech net ëmmer mat engem Laache géif maachen an dëst bewonneren ech um Raquel a Filipe, trotz hire Problemer kucken se awer hoffnungsvoll a guttgelaunt an d’Zukunft.


D’Jess ass selbstänneg Fotografin zu Lëtzebuerg zënter 2005, ënnert dem Numm jess – photography. Hat ass iwwerzeegt dass eng gutt Foto nëmmen duerch eng gudd Kommunikatioun tëschent him an dem Sujet kann entstoen. Genee esou ass hat och dëse fräie Projet ugaang.

Advertisements

Reply / Répondre

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

Information

This entry was posted on 16/10/2014 by in essay, photography, visual art and tagged , , , , , , .
%d bloggers like this: